Mokuchsdag

Mokuchsdag

Por: Mokuchsdag
Mokuchsdag ass en absurd-futuristescht Trëppel-, Lauschter-, an Entdeckstéck fir d’ganz Famill duerch de Pafendall.  Dat jonkt Irma wunnt mat senge Gesëschter a sengem Adoptivpapp dem Lapsus schonn esou laang si denke kënnen an der schmueler, däischterer Gaass, déi duerch d’Ënnerstad féiert. Déi wëll de Ministär fir Kräsi, Gudrong an Trottoirsplacken awer elo platt maachen, well den Dall soll ëmgemodelt ginn.Mat der Geschicht am Ouer, gi mer de Spueren no, déi vun de ville legendäre Schluechten iwwereg bliwwe sinn, déi d’Ekipp Lapsus géint de Ministär geschloen huet, sammelen Indicen a loossen esou lues a lues d’Figuren an eise Käpp entstoen.Startzäiten: Donneschdes a Freides, 10. an 11. Juli, 11. an 12. September an 09. an 10. Oktober tëscht 17.30 an 18.30 Auer. Samsdes a Sonndes, 12. an 13. Juli, 13. a 14. September an 11. Oktober tëscht 10.30 an 11.30 Auer oder tëscht 15.00 a 16.00 Auer.Ënne beim Panoramalift, Kräizung Rue du Pont / Rue Laurent Menager, gëss du vun engem vun eiser Ekipp begréisst, kriss all weider Instruktiounen a kanns lassgoen. Den Tour gëtt op eege Fauscht gemaach, eleng, mat der Famill, am klenge Grupp, mee ouni Begleedung. Den Tour dauert ongeféiert 2 Stonnen. AN ELO? 1. Mell dech hei un:  [email protected]. Lued d’Kapitele vun der Geschicht op däin Trëppeltelefon.3. Pak deng Kopfhörer, e Bic oder Bläistëft (vläit och eng Wäschklamer) an, an do Schong un, an deenen s de d'Féiss net wéi kriss. 4. Komm um Dag selwer op de Rendez-vous, wou s du vun engem vun eis e Plang a weider Instruktioune kriss.Ausserhalb vun de fixen Zäiten an Deeg ass d’Lauschterstéck eleng, ouni Spueresich, natierlech och disponibel. Lued HEI d’Kaart erof.Et schwätzen a spillen:Irma: Nell HilbertBobby: Ellie UrbanyRosa: Taika ViinamäkiTun: Theophile Pernot SchiltzLapsus: Steve KarierMamm: Nora KoenigMomo: Konstantin RommelfangenWëllem: Etienne HalsdorffStëmm: Anne SimonRegie: Anne SimonInstallatiounen: Clio van AerdeText, Musek an Audio-Montage: Claudine MunoOpnam a Mix: Unison StudiosAssistenz: Lea Lieser
17 episodios disponibles

Latest episodes of the podcast Mokuchsdag

Kapitel 1 06/07/2025
Kapitel 2-3 06/07/2025
Kapitel 3 06/07/2025
Kapitel 4 06/07/2025
Kapitel 5 06/07/2025
Kapitel 5-6 06/07/2025
Kapitel 6 06/07/2025
Kapitel 6-7 06/07/2025
Kapitel 7 06/07/2025
Kapitel 7-8 06/07/2025
Kapitel 8 06/07/2025
Kapitel 8-9 06/07/2025
Kapitel 9 06/07/2025
Kapitel 9-10 06/07/2025
Kapitel 10 06/07/2025
Kapitel 10-11 06/07/2025
Kapitel 11-12 06/07/2025